Danny

Gebuer: etwa 3-4 Joer
Ech sin Madame Danny an hun och esou munches ze erzielen.
Hun bis Juli 2020 als Streunerin an engem Grupp gelieft Gemeng wollt onser lass gin an esou sin och ech opgeholl gin vun enger Fra.
Ech hat och nach eng Verletzung um henneschtem Been .. en Broch .. war nämlech wahrscheinlech ugestouss gin.
Sin dun opereiert gin an hat Chance endlech meih en scheint Liewen ze hun an hun dun bei menger Retterin duerften am Haus Liewen wou Muppen, Katzen an Menschen waren … mee dun koum den nächsten Schock an si huet mech etwa am Oktober 2021 an hiren schrecklechen Asyl gesat well si ëmmer nees Welpen opgeholl huet an dun zevill Muppen doheem waren.
Hei setzen ech elo armseileg ouni Menschen em mech an keen Kanape meih an hoffen , dass och ech hei eraus kommen kann.
Mein Been ass verheelt an war antscheinend en meih komplizeierten Broch , dofir sin ech nët geduecht fir Touren vun 10-12 km ze maachen mee einfach nëmmen well normal Touren dreinen an nees Gefill ze hun eng Famill ze hun.
Ech sin léif , roueg , total sozial an warden gedëlleg op mein Uruff!!
Wärd esou 20 kg hun mat etwa 50 cm , sin kastreiert an Bluttest get bei enger Ufro nach emol en neien gemaach!
Wat feelt bass du ❤️
Sollt ech Iech mat menger Kandidatur iwerzeegt hun esou rufft schnell dem Christelle perseinlech un oder Sms, Whats app, Fbmsg um 621 25 44 95

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen