Dolly

Gebuer: etwa 2012-2013

Alt nees eng traureg Vergangenheet?, virun etwa 3 Joer gouf Dolly einfach mol beim Asile ofgestallt , well et net meih gebraucht gouf!!
Demols gouf et nach Kameras an den George sot et war en allen Här mam Velo ennerwee gewiecht?

Dolly huet wirklech alles wat bei Adoptiounen net gefrot ass, en gewessenen Alter, keng Modellmoss , well et bal esou breed ewei heisch ass, beim Fotoshooting hat hat keng Loscht, et geseit een him of , dass et mam Liewen ofgeschloss huet an dofir verzitt hat sech emmer an sein Eck an sein Speck ass keng Bewegung an bestemmt och Frust Iessen!!
Hat ass en leift , mee konnt keng Freed weisen och an der Léngt goen , huet hat ganz schrecklech fonnt , mee wann een op hat anschwätzt huet et awer mat Pausen geklappt , well et sech emmer den laangen Wee dohin geluecht huet!
Hat wär en super Mupp , bei engem Mensch deen him dei Zeit geif gin dei et braucht , dass et nees Freed um Liewen kritt!
Wien wees vielleicht huet des kastreiert Madame dei grouss Chance entdeckt ze gin an esou keint et sein Minigehege vun sou 8m2 ze 3 verlossen an nees den Senn an Frees vum Liewen kennenleieren❤️
Et ass etwa 40 cm an geif soen sou 17-18 kg .. also Regime steet ganz uewen op senger To Do Lescht beim Auszug!!Hun Iech awer och nach ze berichten , dass hat ouni Modellmass op Heischen locker sprangen kann?
Wann Dolly wirklech sollt dei grouss Chance kreien hei erauszekommen, dat geif mech perseinlech immens freen!!
Natirlech kritt et dann och en Bluttest gemach?
Christelle: 621 25 44 95

no images were found

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen