Hope

Och Hope därf mat op Lëtzebuerg.
Seng Knupp op der Patt ass opereiert an mir warden op Biopsie an awer huet hat sein Ticket schons an der Täsch ❤
 
 
Gebuer : etwa 2014
 
Des léif Muppendame koum Ufank Mee an den Asyl.
Hat hat eng grouss Tumeur um Bauch hänken.. mat Patengelder hun mir hat konnten opereieren an hun him nees en neit Liewen geschenkt.( leider gouf keng Biopsie gemaach )
Demols war hat traureg , hat weih an och seng Liewensfreed verluer… all dest ass elo Vergangenheet an och Hope huet sein Ticket fir Lëtzebuerg schon an der Täsch an dest och ouni Reservatioun ❤
Elo ass et eng frou Madame an och bewegen fällt him meih liicht , wat awer nët hescht, dass et eng Sportskanoun ass.
 
Un sengen Zitzen kënnen mir sein Passé erkennen , mee och do hun mir dofir gesuergt, dass et ni meih muss klenger kreien !!
Den George denkt schon , dass et en Doheem hat an hat gouf wahrscheinlech weinst der Tumeur ausgesatt.
Am Asyl lieft hat elo an engem Grupp mat 4 Muppen an wat hat nach nët wees ass, dass dest och an puer Wochen en Een hellt 🥰
Un senger Patt huet hat och nach Knuppen an hat get nach zu Rhodos opereiert an och eng Biopsie get gemaach!
 
Zu Lëtzebuerg sicht Hope eng nët aktiv Famill ,him Léift schenken an meih kuerz Touren geifen him vill Freed maachen!
Op Mëttelmierkrankheeten gouf hat getest an gouf Erlichiose festgestallt, dest Traitement ass elo och ofgeschloss an misst dann am September nach eng Kontroll kreien.
 
Hat ass etwa 50 cm , 22 kg an och kastreiert.
Wëll et 6 Joer huet get hat och mat enger Senioren – Schutzgebühr vermëttelt.
 
Kastratioun gouf vun sengen Paten iwerholl .
 
Wat feelt ass elo seng Famill bis zu sengem Liewensenn❤
Christelle : 621 25 44 95

 

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen