Jo

Gebuer: Mett Juni 2019
 
Den George krut en Uruff well eng Persoun Welpen hat an dei hun missten fort… et huet sech em den Jo an sein Bruder ( deen vermëttelt ass ) gehandelt.
Den Jo ass bei enger Famill op Welt komm an och do grouss gin , en ass esou grouss ewei seng Mam , mee dun koum den Daag wou dei Léit den Welpen wollten lass gin.( den George wollt nët , dass sei 2 geifen ausgesat gin )
Dei anner hatten si privat verschenkt/verkaaf, keen wees dest… an den Jo ass elo den Leschten deen sicht.
 
Hien ass wirklech en groussen Kerl an tippen schon gudd 65 cm, mee alles passt zesummen , ganz egal op seng laang Been oder och sein Gewicht wat bestemmt och 30 kg ass.
 
An Zweschenzeit gouf en kastreiert wat och eng gudd Saach ass , dass sech hei keng schlecht Maneieren entwéckelen.
Am Rudel mat sengen 4 Frënn ass eng gudd Harmonie an si spillen, schlofen, sonnen sech an natirlech freen si sech ëmmer iwer Besuch.
Hier grouss Chance ass , dass si am Ufank vum Asyl sin an esou dach vill Leit bei hinnen stoen bleiwen!
 
Desto trotz huet dest him nach nët gehollef entdeckt ze gin !!!
En ass bei neien Situatiounen awer skeptesch an dofir sollt en un gedëlleg , erfahren Leit vermëttelt gin.. wëll ausser sengem Zwinger kennt en nix.
Wien wess vielleicht get en entdeckt an kann Iech dann weisen wat alles an him Stécht vun potenzial ❤
 
Dofir rufft un oder schreift eng Whats app , Sms un den 621 25 44 95

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen