Lupo

Lupo
Gebuer: September 2017
Den Lupo hei ❤️
Virun gudd 2,5 Joer sin ech mat menger Schwester op engem Camping eremgelaaf, koum op Lëtzebuerg an meng Famill fonnt❤️
Ech sin nach an menger Famill an mir hun ons och vill gären , nëmmen huet den Gesondheetszoustand vun menger Mama sech dramatesch verschlechtert an jo si huet vill Zeit fir mech, mee ech sin jo awer och keng Couchpatato!!
Dofir huet si den Schratt gemaach an huet sech geint hiert Härz entscheed mir eng nei Famill ze sichen , dei mir nët nëmmen vill Zeit an Léift schenkt , mee dei mat mir och Spazeiereweer onsecher mecht!!
Den Gedanken , dass mir ons trennen mecht ons allen 2 immens traureg, mee si ass nët egoistesch an wënscht mir en Doheem mat Attraktiounen wou si elo nët meih kann bidden!
Et get en trauregen Moment , mee ech wees si well nëmmen dat bescht fir mech an ech sin och dankbar , dass si sech fir mein Wuelbefannen ansëtzt❤️
Ech sin en Eenzelkand wunnen an engem Appartement sin proper an brav. Auto fueren maachen ech och gudd an gären.
Gären geif ech weider en Eenzelmupp bleiwen , well bei Muppen entscheeden och op Sympathie an Antipathie.
Kleng Kanner sollten nët am Haus sin , well ech mat der Situatioun nët emgoen kann wann si geifen fallen!
Dobausen ob Kanner , Fraen, Männer alles keen Problem ech freen mech op jddereen.
An denen leschten Joeren war ech elo gewinnt nët esou immens laang mol alleng ze sin an wär flott wann dest esou geing bleiwen.
Ech wunnen nach Doheem an dei beschten Leisung wär wann ech nët misst bei Christelle an sein Trupp kommen an direkt mein Gléck geif fannen.
Meng Mama steet Iech och jdderzeit zu Rot falls dir ëppes musst wessen.
Sin etwa 12 kg , 45 cm, kastreiert an verleieren och keng Hoer , dofir gin ech och all 3 Méint bei den Coiffeur.
Sin nët esou begeschtert wann ech muss goen an villen mech och mei wuel mat laangem Pelz, mee wat muss sin muss sin seet Mama.
Elo geneissen mir ons Zeit nach zesummen an kucken op Christelle dei passend Famill fir mech fënnt!
Fir weider Infos ewei ëmmer perseinlech beim Christelle mellen um 621 25 44 95 per Uruff, Whats app, Sms oder Fbmsg.

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen