Projeten

Mëttlerweil hunn mir schon 2 Projeten konnten realiséieren. Mat Hëllef vun ären Spenden war et eis méigeleg eist Puppyland fir eis jonk Muppen ze bauen an och eis Bomecher kruten hiert eegent neit Doheem.

Mee well awer nach vill ze machen ass fir dass all eis Muppen eng gudd Liewensqualitéit hunn, stinn folgend Projeten nach op eiser Lescht, déi mir nach realiséieren wëllen:

1. Quarantäinestatioun


Dest Geld hun mir och schon zesummen!!

Dei ass geduecht fir ons kleng Frënn.. fir Welpen, dass sie nët meih an esou kléngen Gitterboxen mussen iwer minimum 4 Wochen bis Méint setzen.
Mein Härz blut ëmmer wann ech dest gesin an desen Projet ass vun grousser
Wichtegkeet och weinst der Gesondheet fir ons kléng!!

 

2. Parken mat Kaafvertrag oder en Terrain kafen

 

Desen Terrain soll nët rieseg sin, well mir wëllen jo keng Muppen sammelen!! Mee den Muppen am Asyl meih Platz schaffen an deen Moment den Muppen op 5 m2 eng Seit Opschneiden , dass se 10m2 hun. An um neien Terrain dann niewt der Quarantäne den Projet Step by Step 2020 ufänken!
Fir mech sin des Prisonskäfeger Tierquälerei an ech kann dest sou nët ëmmer mat Ukucken!! Natirlech muss een Geld hun, fir den Muppen dest ze ermeiglechen an dofir sin all ons Projeen nëmmen mat Iech dobaussen ze realiseieren
Idee war sou 40- 50 Patenmuppen ze hun an dann Welpen fir ze vermëttelen.
Zuel soll nët 80 Iwerschreeden.. wëll mir mussen se jo och fidderen , Impfen,
Entwurmen.. all dest kascht jo och nees Geld!! ( Natirlech kënnen Patenmuppen
vermëttelt gin an och dei am groussen Asyl sollen nët vergiess gin an der Vermëttlung!!

 

3. Projet „STEP BY STEP 2020“  🐾🐾

 

Frënn vun mir soen ech hätt se nët meih all an soll dest nët maachen, den Problem ass Ideen sin schon esou ëppes vun kloer am Kapp verbildlecht, dass et keen zereck gett🤣🤣🤣

Des Idee ass geduecht.. wann mir durch Verkaaf vun Ueleg, Engelen, Tombola… kleng Donatiounen oder och meih grouss Betreeg ëmmer wann mir nees Suen hun soll en Stéck gebaut gin. Dest sollen Gehege vun 20-25m2 gin mat Dier fir an dat nächst Gehege vun 20-25m2. Do sollen ëmmer 2 oder och 3 Muppen an een Gehege kommen wann et sech geif ergin, dass dei 4-5 Muppen sech verstin soll gären Zweschendier opbleiwen.

Sollten mir Chance hun vun mei groussen Donatiounen an dest den Preis fir een Deel wär esou soll dest den Virnumm vum Sponsor kreien.Fir mech ass et ëmmer Wichteg Personalitéit an den Projet ze kreien, nët ech mee dir dobaussen ermeiglecht dest alles !!Wann dir Froen hut esou kenn dir mech och gären uruffen 621 25 44 95.

Dofir, et get fleiseg gesammelt an ech Freen mech elo schon rieseg fir dest alles mat Iech ze realiseieren 🐾🐾🐾🐾

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen